top of page

Historique

Am Virfeld vum Galaconcert vun der Croix Rouge, deen, an der Zäit, ofwiesselend vun der Harmonie « Union » Mamer an der Pompiers-Fanfare Mamer gespillt gouf, huet den deemolege President vun der Croix Rouge (Sektioun Mamer) Marcel Schmit, zesumme mat sengem Comité de Wonsch geäussert, datt dëse Concert, deen den 11. Mäerz 1998 sollt stattfannen, vun den zwou Museke gemeinsam sollt gespillt ginn. 

 

En Interessi zesummen ze spillen, gouf et am Virfeld vun dësem Galaconcert vu Memberen aus béide Museken, ob dëst awer schomam Hannergedanke vun enger eventueller Fusioun geplangt war, ass leider net gewosst, mee den 11. Mäerz 1998, war de grousse gemeinsame Galaconcert vun der Croix Rouge an dem Centre des Loisirs op der Cap. 

 

Wat komme misst ass komm. 

 

No engem prestigiéisen, gemeinsame Concert vun deenen 2 Museke goufen op dem Owend, d’Weeche fir eng Fusioun gestallt. 

Den Henri Hosch (deemolege Buergermeeschter) hat den Enthusiasmus vun deene ville jonke Musikanten, fir zesummen zespillen, erkannt, an huet déi vill Spectateuren, opgefuerdert opzestoen a fir déi nei Koppel ze klappen. 

Den neie Veräin huet no enger éischter Sëtzung de 14. Abrëll 1998 am Sall "Raoul Follereau" vun der deemoleger "Jean Marx" Schoul, enger extraordinärer Versammlung de 25. Mee 1998, ob der d’Musikanten iwwert d’Fusioun ofgestëmmt hunn an der Opléisung vun deen 2 Museken op jeeweilege Generalversammlungen, de 17. Juli 1998 seng konstituéierendGeneralversammlung gehalen. 

 

Fir den Henri Hosch (deemolege Buergermeeschter), aus senger Ried bei der ausseruerdentleche Versammlung vun der Harmonie «Union» Mamer an der Pompiers-Fanfare Mamer zum Vott vun der Fusioun, ze zitéieren: «En Duerf ouni Musek ass wéien wotlechen Humpen ouni Schaum! … De Moment wier elo do fir eng Fusioun vun den 2 Museken, soss géing e verpasst ginn.» 

En éischten definitive Comité mat un der Spëtzt hirem President dem Marcel Schmit, huet dunn de 19. Januar 1999 säinAmt opgeholl mat dem Marco Battistella als éischten Dirigent vun der neier Harmonie Gemeng Mamer. 

 

Um Virowend vun der Fändelswei, de 17 November 2001, gouf d’Musek mam Kulturpräis vun der Gemeng Mamer geéiert. 

Den 18 November 2001 war et dunn endlech sou wäit, d’Harmonie Gemeng Mamer krut offiziell hiren éischte Fändel, dee vumNathalie Nothum entworf gouf.

 

No 7 Joer hält de Marco Battistella 2006 als Dirigent vun der Harmonie Gemeng Mamer op a gëtt d’Direktioun weider un den Edgar Becker. 

Nodeems sech d'Weeër awer sollte vir d’Enn vun der Saison 2006 trennen, hien dës Saison awer net méi wollt fäerdeg maachen, huet de Romain Geimer, bis de Marco Batistella erëm komm ass, den Interim assuréiert. 

D'Joer 2007 hat awer nach en weidere Changement un der Spëtzt vun der Harmonie Gemeng Mamer. De Marcel Schmit hält als President vun der Harmonie Gemeng Mamer op a gëtt d’Verantwortung weider un de Fred Klopp. 

 

De Fred Klopp wäert 6 Joer d'Geschécker vun der Harmonie Gemeng Mamer leeden an hält 2013 als President vun der Harmonie Gemeng Mamer fir d’Verantwortung erëm un de Marcel Schmit als neie President vun der Harmonie Gemeng Mamer weiderzeginn. 

 

No weideren 8 Joer huet de Marco Battistella 2015 den Dirigentebengelche weiderginn un de Stefan Weber, dee bis haut d'Harmonie Gemeng Mamer musikalesch leed. 

 

2019 huet de Marcel Schmit decidéiert, datt et Zäit wier d'Verantwortung un déi nächst Generatioun weiderzeginn. 

Dës Erausfuerderung huet den Tom Lentz iwwerholl a leed bis haut de Comité vun der Harmonie Gemeng Mamer. 

 

Och wann net all Member, vu béide Veräiner, der Fusioun deemools positiv entgéint stoungen, ass de Succès, deen de Veräin 25 Joer duerno nach ëmmer erlieft net vun der Hand ze weisen a bestätegt, datt dës Fusioun déi richteg couragéis Entscheedung war. 

2023 - Brochure (verschoben) 2_edited.jpg
Fusion der beiden Musikgesellschaften perfekt
bottom of page