Fréijoersconcert vun der Harmonie Gemeng Mamer & der Mierscher Musek

Nodeems eis éischt Collaboratioun mat der Mierscher Musek net konnt wéi geplangt stattfannen, freeë mir eis elo den 23ten Abrëll 2022 dierfen iech eisen gemeinsamen Concert ze presentéieren.

Déi éischt Hallschent gëtt iech vun der Harmonie Gemeng Mamer gespillt, mat engem flotten an ofwiesslungsräiche Programm an deem evtl. déi eng oder aner Surprise verstoppt ass. Loosst iech iwwerraschen ob d’Harmonie Gemeng Mamer net och vocalistesch Talenter huet. 

An der zweeter Hallschent dierf dir iech ob d’Mierscher Musek freeën, vun engem Draach bis an den Zirkus huelen si iech mat a verzauberen domadder all Spectateur. Loosst iech fir eng Zäitchen an eng aner Welt verféieren a maacht iech mat der Mierscher Musek zesummen ob dës Rees.

Loosst iech dat net entgoen…!

PROGRAMM :

Harmonie Gemeng Mamer

Dolomiti – Georges Sadeler

Pompeii – Jose Alberto Pina Picazo

At world’s End (Pirates of the Carribean) – Hans Zimmer, arr. Erik Rozendom

Fiesta Latina – arr. Gilbert Tinner

Direktioun: Stefan Weber

Mierscher Musek

Den Draach vun der Méchelsplaz – Maurizio Spiridigliozzi

You raise me up – B. Graham & R. Lovland, arr. H. Briegel

Souvenir de Cirque Renz – G. Peter arr. P. Fister

Direktioun: Maurizio Spiridigliozzi