Jugendmusik

Eis jonk Musikanten déi eréischt zënter kuerzem en Instrument spille kréien d’Méiglechkeet an engem Orchester ze spille well ëmmer eleng spillen mécht op Dauer och kee Spaass. Sou ass décidéiert ginn dat mer eng Jugendmusek grënne géife wou déi, déi schonn 1 Joer hiert Instrument geleiert hunn och an engem Ensembel spille kennen, an domatte gesi wei eng Prouf an enger Musek ofleeft an och e bëssen leiere mateneen ze spillen, éier se dann an déi ‘grouss’ Musek kommen.

Aus dësem Grupp ass schon bal eng eegenstänneg Musek gi well virun 2 Joer hu se ënnert der Leedung vun eisem demolegen Dirigent, dem Marco Battistella, Theaterstéck Dschungelbuch vun den Holzemer Flantermais musekalesch ënnermoolt.

Am Joer, 2006, huet d’Jugendmusek erem en Stéck vun de Flentermeis Musikalsch ennermoolt, an zwar den Aladin. Virun eisem Gala Concert spillen sie och emmer e puer Stecker, an och op Schoulfester an der Gemeng haten se schon Optrëtter.

Hier Prouwe si ëmmer Dënschdes um 18.45 Auer virun der grousser Prouf.

jugend_bitburg