Geschicht

Während méi wéi 100 Joër hun Generatiounen e Steck Mamer Musek- mais och Mamer Duerfgeschicht geschriwwen. Jiddereen op senger Sait an op seng Manéier. 1884 haten se grad op dem Ducksall an der Kirch décke Buttek am Kirchegesank. Verschiddener wollten méi weltlich Lidder sangen. Et koum zum Sträit. Eng Partie Sänger sin aus dem Kirchegesank gangen fir e neie Veräin, an zwar de Gesangveräin Union ze grënnen. Souguer den demolegen Paschtouer hat sech agemescht, an hat an enger Priedegt déi Abtrünneg als “Wëller” bezechent. Esou war nët nëmmen e Begrëff mä och den éischte Veräin hei zu Mamer gebuer.
Schons am Joër duerno, 1885, huet de neie Veräin sech entschloss een eegenen Veräinssall ze bauen an zwar um Kneppchen. Dëst hat seng Ursach. Well nët nëmmen de Paschtouer hat seng Problemer mat dem neie Veräin mä och den demolege Buergermeschter Jean-Pierre Wester, deen deenen “Wëllen” de Proufsall an der Schoul gekënnegt hat.
1888 goufen ët zu Mamer eng Rei Bränn. Verschidden Unionsleit woilten eng Pompjeessektioun grënnen. Dës sollt eigentlech eng Ennerorganisatioun vun dem Gesangveräin gin. Ma et gouf Sträit. Et koum zur Trennung. Aus der vermeintlecher Ennerorganisatioun gouf et en egenen Veräin : d’ “Fraiwelleg Pompjeen Mamer”.
1891 hun d’Pompjeen eng Bauplaz op der Mies kaft an ugefangen och hiert Veräinslokal ze bauen. Ageweit as dat neit Gebäi op Ouschteren 1892 wou d’Passiounspiller dran opgefouert goufen.
Déi Zäit gouf iwwerhapt vill Theater hei zu Mamer gespillt. A fir beim Theaterspill dat néidegt musikalescht Encadrement ze suergen, an aneren Uertschaften wéi Kielen a Kespelt nët nozestoen, huet sech dun vun 1892 un eng Museksstrëpp bei de Pompjeen zesummefonnt dat spéider eng richteg Museksektioun gin as.1903 gouf de Veräin Pompiers-Fanfare Mamer, embenannt. Grad wéi ët déi Zäit keen enzege Gesank hei zu Mamer gouf, war ët och nët méigiech eng eenzeg Musek ze hun.
1905 wollten verschidden Unionsleit, fir Streidereien aus dem We ze goen eng Musek ënnert dem Numm Les Amis grënnen. Mä dat huet nët geklappt an 1907 hun d’Unionsleit hier egen Musek ënnert dem Numm Union gegrënnt. Et war zu Ufank eng Fanfare, spéider gouf ët eng Harmonie.
Während de Krichsjoëren war fir den demolegen Amtsbürgermeister zwou Museken an engem Duerf en Ausdrock: “vun Grössenwahn an individualistischer, verderblicher, westlicher Halbkultur.”
Déi 2 Museken sollten zu engem SA Musikzug zesummegeluegt gin. Et as dun och während dem Krich bei politeschen Manifestatiounen zesummegespillt gin, mä no dem Krich huet ërem jiddfereen getrennt gespillt.

Dën 11. März 1998, war dun de grousse Galaconcert vun der Croix Rouge an dem Centre des Loisirs op der Cap. Wat komme musst as komm. No engem prestigiéisen, gemeinsamen Concert vun denen 2 Museken gouf op dem Owend, d’Hellegt gemach.
Den Henri Hosch hat den Enthusiasmus vun denen ville jonken Musikanten fir d’ Zesummen ze Spillen erkannt, an huet déi vill Spektateuren, opgefuerdert opzestoen a fir déi nei Koppel ze klätschen.
Den neie Veräin huet no enger éischter Sitzung den 14. Abrell 1998 an der Gemeng, an der Opléisung vun denen 2 Museken op jeweilegen Generalversammlungen, de 17. Juli 1998, seng konstituéirend Generalversammlung gehal. En éischten definitive Comité mat un der Spëtzt hierem President dem Marcel Schmit, huet dun de 19. Januar 1999 säin Amt opgehol.

Am Moment ziele mer ongeféier 60 Musikanten.