Eisen Dirigent
De Marco Battistella, Joergang 1959, huet seng éischt musikalesch Schrëtt mat der Klarinett bei der Kayler Musek gemaach. Zenterhier ass hien der Blosmusek trei bliwwen a kennt lo no engem Joer Auszeit, als Dirigent vun der Diddelenger Musek, nees zréck op Mamer wou hien schon, zënter der Fusioun vun deenen zwee Mamer Museksveräiner am Joer 1998 d’Harmonie Gemeng Mamer, 8 Joer dirigeiert huet. Mat 17 Joer scho war hien Dirigent vun der Escher Biergaarbechtermusek. Weider Etappen waren d’Harmonie Musicipale Déifferdang, d’Fanfare Royale Grand-Ducale Gronn- Fetschenhaff-Cents- Polvermillen, d’Bouneweger Fanfare, d’Harmonie Gemeng Mamer, an lo als lescht Diddelenger Musek.
Studéiert huet de Marco Battistella an de Conservatoire vun Esch-Uelzecht a Bréissel, ënner anerem beim Pierre Cao an Yvon Ducène. Hien huet sech an der Orchesterdirektioun beim renomméierte Pädagog Franco Ferrara an Italien perfektionéiert. Meeschtercoursen huet hien e.a. zu Siena op der Accademia Chigiana, zu Roum bei der Accademia di Santa Cecilia an zu Salzburg bei der Sommerakademie Mozarteum besicht, an dat bei Leopold Hager, Ferdinand Leitner, Karl Münchinger, Carlo Maria Giulini a Leonard Bernstein. Niewt senger pädagogescher Aktivitéit huet hien Sinfonie- a Kammerorchesteren zu Lëtzebuerg an am Ausland dirigéiert. Hie war deen éischte permanente Chef vum Amateurorchester Luxembourg Philharmonia. Mam deemolegen RTL-Orchester an heitegen OPL huet hien während enger Partie Joeren pädagogesch Projeten a Concerten fir d’Schoulen moderéiert an dirigéiert, dëst och am Optrag vun de Jeunesses Musicales Lëtzebuerg, mat deenen hien am Joer 2000 mat groussem Erfolleg zu Woltz beim Festival dem Bernstein seng West Side Story opgefouert huet.
1993 huet de Marco Battistella bei der Grënnung vum soziokulturelle Radio 100,7 matgewierkt a war bis am Hierscht 2002 Koordinateur vum Museksprogramm. Zenter Oktober 2002 ass hien beim Kulturministère Responsabel fir de Service Musical. Hien ass do ënner anerem Member vum Verwaltungsrot vun der Rockhal a vun der Coque an och vun der asbl Lëtzebuerg a Groussregioun Kulturhaptstad 2007.